Ronny Mergen - Dirigent
D’Neigrënnung vun engem Chouer ass haut keng Selbstverständlechkeet.
An dach fanne sech ëmmer erëm motivéiert Leit aus allen Altersschichten, déi sech zesummen an engem Chouer engagéieren an esou d’Freed um Zesumme-Sangen erliewe kënnen an deele léieren, wéi och bei de „Feierowendsänger“.
Natierlech ass d’Musek dat wichtegst Element an der Aarbecht vun engem Chouer. Och als Chouer vun Amateur-Sängerinnen a –Sänger versiche mir do un de stëmmlechen Optimum am Kader vun eise Méiglechkeeten erunzekommen. Mir setzen eis kloer Ziler, mir definéieren eisen Usproch vu Stil a Qualitéit. An der Prouwenaarbecht schaffe mir dann all zesummen dodrun, dës Ziler z’erreechen an eisen eegenen Usproch z’erfëllen.
De Chouer huet och eng wichteg Roll wann et drëm geet, eis kulturell Ierfschaft um Liewen z’erhalen. Musek léisst sech schrëftlech festhalen. Et kann een se op CD an an den neie Medie permanent konsuméieren.
De Chouergesank awer ass aktivt Musizéieren, „Er-liewen“ vu Musek; sech mat hir perséinlech auserneen ze setzen ass eng Erfahrung, déi duerch näischt z’ersetzen ass.
Sangen am Chouer ass wierklech Team-Aarbecht. Jidder eenzelne Sänger ass mat responsabel fir d’Gelénge vun de Prouwen an Opféierungen. Ee muss sech op deen anere kënne verloossen, gläichzäiteg steet keen am Mëttelpunkt. Géigesäitege Respekt, besonnesch och tëscht Dirigent a Chouer ass e wichtege Grondsaz vun eiser Zesummenaarbecht. Da stinn och Disziplin, Pénktlechkeet a perséinlech Leeschtung net am Géigesaz zu der Freed um Sangen.
Sangen ass och eng Erausfuerderung fir de ganze Kierper. Dofir leeë mir Wäert drop, eis méiglechst sënnvoll anzesangen an eis Technik ze verbesseren.
Sange mécht zefridden. Och wann d’Prouwen an d’Optrëtter duerchaus ustrengend kënne sinn, esou geet een dach mat engem Gefill vun Zefriddenheet heem. D’Sange provozéiert an eis Emotiounen, déi dacks schwéier a Wierder ze faasse sinn.
A wa mir dann no der Prouf beienee sëtzen a gemittlech e Patt drénken oder e Maufel iessen, z.B. fir engem Sänger säi Gebuertsdag ze feieren, da kënnt „Feierowend“-Atmosphär op...
Firwat sangt Dir nach net bei de „Feierowendsänger“? Dir wëllt gär aktive Member ginn, da schreiwt eis per mail op info@feierowendsaenger.lu.