D'FEIEROWENDSÄNGER - e moderne Chouer


Den Ensembel „d’Feierowendsänger“ – e modernen, dynamesche Chouer, deen nei Erausfuederunge sicht a sech net scheit, eppes Neies auszeprobéieren, trëfft sech regelméisseg méindes oder freides um 19.30 Auer zu Colmer-Bierg fir zesummen ze sangen, awer och emol ze poteren, ze laachen an heiansdo zesummen no der Prouf den Owend mat engem gemittleche Patt auskléngen ze loossen.

Mir zeechnen eis doduerch aus, datt virun allem de Spaass um Sangen an d’Freed um Zesummesangen am Virdergrond stinn an datt mer all Sänger demokratesch an eis Decisioune fir Projeten, Optrëtter an esouguer de musikalesche Programm abannen.

Eise Repertoire 

Eisen Ensembel studéiert e breet gefächerte Repertoire an, deen esouwuel weltlech wéi och kierchlech Wierker emfaasst. Den Akzent läit op deem weltleche Programm. Mir sange Wierker aus de verschiddene Jorhonnerte vun der Chouermusik, awer mir leeë Wäert op zäitgenëssesch Arrangementer (och bei traditionelle Wierker oder internationale Volleksweisen). Dëst ass natierlech eng klanglech an interpretatoresch Erausfuederung, déi d’Aarbecht gläichzäiteg interessant a léierräich mécht, well sech hei nei Harmonien entdecke loossen. Bei klassesche Wierker gräife mir op méiglechst historesch korrekt Arrangementer zréck.

Eisen Numm an eise Logo


Souwuel eisen Numm „d’Feierowendsänger“, wéi och eise Logo spigelen engersäits eng gewësse Gemittlechkeet an eng gutt Ambiance tëscht de Sänger erëm. Anerersäits steet de Veräinsnumm a spannendem Kontrast mam gesanglechen Usproch, wou mir esouwuel beim Astudéiere wéi och bei der Opféierung Wäert op gréisstméiglech Professionalitéit am Kader vun de stëmmleche Méiglechkeete vun eise Sänger leeën, déi alleguer Amateur-Sänger sinn.

Eis Engagementer 

Mir recommandéieren eis fir e de gesanglechen Encadrement vun enger ëffentlecher Feier oder enger Séance académique, fir eng Kollaboratioun mat anere Gesang- oder Museksveräiner, fir e Concert oder fir déi feierlech gesanglech Verschéinerung vun engem Gottesdéngscht, ënner anerem fir eng Hochzäitsfeier oder den Anniversaire vun engem Veräin.